Kultur

Kultur

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
00:00
00:00

Episode's summary

Am déiwe Süde vun den USA probéieren déi zwee Detektive Rust Cohle a Marty Hart de Mord un der 28-järeger Dora Lange opzeklären. De Gilles Schreurs léisst déi éischt Staffel vun "True Detective" Revue passéieren.

Episodes

5887-

True Detective

Am déiwe Süde vun den USA probéieren déi zwee Detektive Rust Cohle a Marty Hart de Mord un der 28-järeger Dora Lange opzeklären. De Gilles Schreurs léisst déi éischt Staffel vun "True Detective" Revue passéieren.

15 Oct 2026
5886-

Les enfants du soleil - Gespréich mam Myriam Muller

Geschriwwe wärend pre-revolutionnären Onrouen a Russland am Joer 1905, beliicht dem Gorky säin Text déi sozial Konflikter tëscht der Elite an dem "Rescht".vun der Gesellschaft, an touchéiert eng Ronn Punkten, déi sëch och haut wonn ufillen. Universell genuch, fir d'Stéck an eis Zait ernazehuelen, an äus de Parallelen eppes ze zéien, villaicht esouguer Hoffnung? Des an aner Froe beäntfert d'metteuse-en-scène um Mikro vum Marc Clement.

15 Oct 2026
5885-

Filmkritik: Äppel a Biren vum Lukas Grevis

Eng jonk Fra mécht sech no der Première aleng op eng Rees a Griicheland, de Rucksak voll gepak mat Suergen an Zweiwel. A sengem zweete Long-métrage thematiséiert de Lëtzebuerger Lukas Grevis den Deuil, déi ambivalent Geschwëster-Relatiounen an d'Orientéierungslosegkeet vu Jonke vun haut. Eng Kritik vum Michel Delage.

15 Oct 2026
5884-

15 Oct 2026
5883-

Prix Goncourt: "Minotaure" vum Boris Bergmann

Déi zweet Selektioun vum Prix Goncourt ass eraus, an et bleiwen aacht Bicher op der Lëscht: “L’inconnue du quai de Javel” vum Philippe Jaenada, “Nous aussi” vun der Anne Godard, “De l’autre côté du lac” vum Sylvain Prudhomme, “Le fabuleux piano” vun der Sonia Devillers, “La guerre éternelle” vum Olivier Rolin, “La solitude des professeurs est infinie” vum Yannick Haenel, “Minotaure” vum Boris Bergmann a “Choses que je croyais perdues” vun der Clémentine Mélois. An den nächste Wochen beschwätzt de Jeff Schinker aacht Wierker vun der Selektioun, éiert mer de 27. Oktober gewuer ginn, wien déi véier Finaliste sinn an den 3. November, wien de Gewënner ass. Haut beschwätzt de Jeff Schinker, no "De l’autre du lac", ee weidere vu senge Favoritten: dem Boris Bergmann seng Autofiktioun "Minotaure".

14 Oct 2026